News
News
Äispist
2011-01-19Am Kader vum Turnen stung des Woch fir di Biisser Schoul Schlittschung fueren um Programm.
Dënsdes den 18. Januar an donneschdes den 20. Januar gung d'Rees all Kéier mat 2 Bussen op Beefort.
D'Kanner hate vill Freed a jidderee krut ee gudde waarme Chocky.
Mir soen Äddi!
2011-01-16Zenter desem Schouljoer sinn d'Nicole Sinner-Speller an d'Aline Koob-Berns an hirer wuelverdingter Pensioun. D'Biisser Léierpersonal huet dat am Oktober op der Thillsmille gefeiert.
Chrëschtfeier vum Cycle 2.1
2010-12-17D'Chrëschtfeier vum Cycle 2.1 fällt haut wéinst dem schlechte Wieder aus. Mir verleeën d'Feier dowéinst op Freides, den 7. Januar 2011. Ufank vun der Virféierung ass um 15:15 Auer.
Portes ouvertes 2011
2010-11-19D'Lycéeën a Lëtzebuerg maachen och 2011 hir Dieren nees op fir de Grand public. Deen Dag hunn d'Elteren an d'Kanner d'Geleeënheet di eenzel Lycéeën ze besichen. Verschidden Enseignantë féieren se dann duerch d'Gebaier a weisen hinnen di verschidden Avantagen déi hiert Gebai ze bidden huet. Fir ze wësse wéini di eenzel Schoulen hir "Porte ouverte" hunn, kënnt dir op de folgende PDF klicken.
Portes_ouvertes_2011.pdf(119 KB)
Formation continue
2010-11-19En Dënsdeg den 23. November an en Donneschdeg de 25. November huet d'Biisser Léierpersonal eng Formatioun zu Biissen
Girls Day / Boys Day
2010-03-03Den 22. Abrëll gëtt fir d'néngte kéier de Girls Day a fir d'sechste kéier de Boys Day organiséiert. Den Ziel vun dëser Initiativ ass d'jonk Leit ze hëllefen eng Aarbecht ze fannen di zu hiren Interessen a Kapazitéite passt. Meedercher a Jonge wäerten d'Chance hu Beruffer ze entdecken di als atypesch fir hire Geschlecht ugesi gi. Fir méi iwwert dës Initiativ erauszefannen, kënnt Dir op de folgende link klicken.
Portes ouvertes 2010
2010-03-03D'Lycéeën a Lëtzebuerg maachen rëm hir Dieren op fir de Grand public. Deen Dag hunn d'Elteren d'Geleeënheet di eenzel Lycéeën ze besichen. Verschidden Enseignantë feieren se dann duerch d'Gebaier a weisen hinnen di verschidden Avantagen di hiert Gebai ze bidden huet. Fir ze wësse wéini di eenzel Lycéeën hir Dieren opmaachen, kënnt dir op de folgende PDF klicken.
Neien Internetsite
2009-12-09Eisen neie Website ass am gaangen opgebaut ze ginn. Déi eenzel Rubriken ginn no an no mat Inhalt gefëllt. Hutt w.e.g. nach e bësse Gedold.