Schoultransport
Är Kanner kenne bequem zu Fouss an d'Schoul kommen. Fir di wäitste Streck brauch een ongeféier 20 bis 25 Minutten zu Fouss a fir di aner nëmmen 10 bis 15 Minutten.
Engersäits ass d'Goe gutt fir d'Gesondheet an anerersäits ass d'Loft ronderëm eis Schoul manner polluéiert. Ausserdem kënnen d'Kanner esou nei Frëndschafte schléissen.
2008 huet d'Gemeng zu Biissen dee Plang "De séchere Schoulwee" erstallt. Dee kënnt Dir konsultéieren, andeem Dir op dee folgende PDF klickt.
