News
News
SCHOULFEST 2019
2019-07-14Dëst Joer stoung eist Schoulfest ganz ënnert dem Thema MUSEK. Vu mëttwochs bis freides konnten d'Kanner u verschidden Atelieren deel huelen. Et gouf Zumba gedanzt, ënnerschiddlech Choreographie astudéiert, Instrumenter gebastelt a souguer d'Uergel aus der Biisser Kierch kruten d'Kanner virgestallt.
Portes ouvertes
2019-06-16De 14. Juni 2019 huet d'Biisser Schoul hir Dieren fir de Public opgemaach.
Kuckt Iech hei e puer Fotoen un.
Antolin 2.Trimester 2018-2019
2019-04-20Et gouf nees flaisseg Punkten um Antolin-Site gesammelt! Bravo un all déi, déi matgesammelt hunn!
Siegerehrung_319.pdf(363 KB)
D‘Biisser Schoul geet an de Kino
2018-12-21Als Ofschloss virun der Chrëschtwakanz huet d‘Biisser Schoul ee flotte Mueren am Kino verbruecht!
Antolin 1.Trimester 2018-19
2018-12-18Och dëst Trimester hunn d'Kanner rem fläisseg Punkten um Antolin gesammelt! Bravo!!
Siegerehrung_1218.pdf(254 KB)
Aweiung vum neie Schoulhaff
2018-11-17De 17. November ass dee neie Schoulhaff elo och offiziell ageweit gin.
Hei e puer Andréck...
Blannenhond an der Biisser Schoul
2018-03-02Freides, den 2. Mäerz 2018 huet den Här Jean-Marie eis mat sengem Blannenhond, dem Idem, besicht.
D’Biisser Schoulkanner kruten d’Aarbecht vun engem Blannenhond erklärt an hu mat grousser Begeeschterung vill Froe gestallt!
D'Mme Pascale Link an hir Equipe vun der AMVA hun eis Schoul besicht.
2018-02-26D'Kanner hun a flotte Présentatiounen a praktëschen Atelieren erfuer, wéi den Alldag fir e blanne Mënsch ofleeft.
Bichervirstellung zu Biissen an der "Aler Gemeng"
2018-02-05D'Tina Kemnitz vu Berlin wousst d'Kanner nees matt enger flotter Bicherprésentatioun ze begeeschteren.
Virliesung "Zilly die Zauberin" am Cycle 2
2018-01-22E puer Andréck vun der Virliesung vun "Zilly die Zauberin" :)