Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Du bass hei:
Eischt Viregt Nächst Lescht

Mäi léiwste Kannerbuch

2011-05-10

Am Kader vum Projet vum Ministär "Mäi léiwste Kannerbuch" hat de Cycle 4 Enn Abrëll zwou Mammen invitéiert fir an hirer Mammesprooch virzeliesen. Des flott Aktivitéit huet an eiser flotter Bibliothéik stattfond.



Virliesconcours 2011

2011-04-08

De leschten Dënsden war d'Ausscheedung fir de "Virliesconcours 2011" an der Bibliothéik vun der Biisser Schoul.


ORIKA

2011-03-30

"Orika" steet fir "Orientatioun fir Kanner". All Joer ginn d'Kanner aus dem Cycle 4.2 verschidde Lyceesgebaier kucken.
Mir waren dest Joer den 30. Mäerz un der Rei. Moies stungen d'Ackerbauschoul an de Lycée technique vun Ettelbréck um Programm. No engem gudde Mëttegiessen an der Mierscher Kantin si mir du nach nomëttes de Mierscher Lycee kucke gaangen. Et war fir d'Kanner ee flotten an informativen Dag. Op deenen eenzelne "portes ouvertes" kënne si nach weider Informatioune kréien.


Äispist

2011-01-19

Am Kader vum Turnen stung des Woch fir di Biisser Schoul Schlittschung fueren um Programm.
Dënsdes den 18. Januar an donneschdes den 20. Januar gung d'Rees all Kéier mat 2 Bussen op Beefort.
D'Kanner hate vill Freed a jidderee krut ee gudde waarme Chocky.


Mir soen Äddi!

2011-01-16

Zenter desem Schouljoer sinn d'Nicole Sinner-Speller an d'Aline Koob-Berns an hirer wuelverdingter Pensioun. D'Biisser Léierpersonal huet dat am Oktober op der Thillsmille gefeiert.


Chrëschtfeier vum Cycle 2.1

2010-12-17

D'Chrëschtfeier vum Cycle 2.1 fällt haut wéinst dem schlechte Wieder aus. Mir verleeën d'Feier dowéinst op Freides, den 7. Januar 2011. Ufank vun der Virféierung ass um 15:15 Auer.


Portes ouvertes 2011

2010-11-19

D'Lycéeën a Lëtzebuerg maachen och 2011 hir Dieren nees op fir de Grand public. Deen Dag hunn d'Elteren an d'Kanner d'Geleeënheet di eenzel Lycéeën ze besichen. Verschidden Enseignantë féieren se dann duerch d'Gebaier a weisen hinnen di verschidden Avantagen déi hiert Gebai ze bidden huet. Fir ze wësse wéini di eenzel Schoulen hir "Porte ouverte" hunn, kënnt dir op de folgende PDF klicken.


Formation continue

2010-11-19

En Dënsdeg den 23. November an en Donneschdeg de 25. November huet d'Biisser Léierpersonal eng Formatioun zu Biissen


Tutorat 4.1.

2010-10-12

Den Tutorat vum cycle 4.1. leeft säit dem 8. Oktober 2010 neess...


Fruit for School

2010-10-08

Mir maache mat!


Eischt Viregt Nächst Lescht