Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Du bass hei:
Eischt Viregt Nächst Lescht

Konscht

2012-11-05

De Cycle 3.2 huet bei der Joffer Carry Faarweléier gemaach, an déi du praktesch ëmgesat. Eraus koum eng flott Dekoratioun fir d'Schoul, déi mat Offallholz realiséiert ginn ass.


"Soupe aux légumes"

2012-10-26

Well mir am Franséischen d' "soupe aux légumes" behandelt hun an och an der Sciences iwert gesond Ernährung geschwat hun, hu mir de leschten Dag virun der Vakanz eng Zopp gekacht. All Kand huet e Stéck Geméis matbruecht, et gebotzt, geschnidden an an d'Dëppen geluecht.
Hei e puer Fotoen vun deene klenge Kächaus dem Cycle 3.1.


Aidslaf

2012-10-23

E Freiden de 26. Oktober huelen d'Kanner aus dem C4 an aus dem C3.2 zu Miersch um Aidslaf deel. Si lafen eng hallef Stonn fir de gudden Zweck. Di gesponsert Sue si fir d'Aidsforschung an d'Aidsberodung geduecht. D'Eltere kënne gäere kucke kommen an hir Kanner ufeieren.


Heckesträich an hir Friichten

2012-10-01

Am Cycle 3.2 hu mir mat Hëllef vum Bestëmmungsbuch Heckesträich bestëmmt.


Thillenvogtei zu Wahl

2012-09-25

De Cycle 2.2 war op Wahl an d'Gromperen


Ausflug op Huelmes

2012-07-17

De Cycle 3.1 huet um Enn vum Schouljoer een erliefnisräichen Ausflug op Huelmes gemaach.


Schoulfest

2012-07-12

Grousst Schoulfest den 12. Juli


Schoulausflug vum Cycle 3.2 op eis Musel

2012-07-11

Nodems mer mat der "Marie-Astrid" durch eng Schleis gefuer waren, hu mer nach e flotten Tour durch d'Wéngerten gemaach, ir mer virun an de Kino gefuer sin. Fir dës Aktivitéiten hate mer wiirklech Chance mam Wierder.


Cycle 2.1 am Beetebuerger Park

2012-07-06

De 6. Juli ware mir an de Beetebuerger Park an esouguer d'Wieder huet matgespillt


Vakanzecolonie zu Léifreg

2012-06-25

Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an dem Eltreveräin huet de Cycle 3.2 zwee Deeg um Stauséi zu Léifreg verbruecht.


Eischt Viregt Nächst Lescht