Sportdag Wëlwerwolz
2013-05-26Eis ganz Biisser Schoul huet um Schoulsportdag zu Wëlwerwolz aktiv matgemaach.
Il y a des mots / poèmes
2013-05-13Les élèves du cycle 4.2 ont écrit des poèmes dont l'inspiration était le fameux poème de Paul Eluard:
Il y a des mots qui font vivre
Et ce sont des mots innocents
Le mot chaleur le mot confiance
Amour justice et le mot liberté
Le mot enfant et le mot gentillesse
Et certains noms de fleurs et
certains noms de fruits
Le mot courage et le mot découvrir
Et le mot frère et le mot camarade
Et certains noms de pays de villages
Et certains noms de femmes et d'amis.
Veuillez lire les productions des petits poètes!

Portes ouvertes 2013
2013-02-23D'Lycéeën a Lëtzebuerg maachen och 2013 hir Dieren nees op fir de Grand public. Deen Dag hunn d'Elteren an d'Kanner d'Geleeënheet di eenzel Lycéeën ze besichen. Verschidden Enseignantë féieren se dann duerch d'Gebaier a weisen hinnen di verschidden Avantagen déi hiert Gebai ze bidden huet. Fir ze wësse wéini di eenzel Schoulen hir "Porte ouverte" hunn, kënnt dir op de folgende PDF klicken.

Eng musikalesch Equipe
2013-01-16Mir probéieren um musikalesche Plang eist Bescht ze man. Ville motivéierte Schüler geléngt dat scho net schlecht am Cycle 3.2

Chrëschtbeemchen
2012-12-11De Cycle 2.2 huet e Chrëschtbeemchen aus Recycling-Material gebastelt.
Dee passt lo wonnerbar bei déi farweg Adventshaisercher.
E grousse Merci un all déi Kanner, déi sou fläisseg gesammelt hunn ;-)

Menuskaarten
2012-12-09All Kanner aus der Biisser Grondschoul (hei de Cycle 3.1) hun d'Menuskaarten gebastelt fir d'Chrëschtfeier vum "Drëtten Alter", déi den 9. Dez. statt fonnt huet.D'Kanner hun sech extra druginn fir deenen eeleren Leit domat eng kleng Chrëschtfreed ze maachen.
