
Schouldoheem.lu on-AIR - 05.01.2021-08.01.2021
2021-01-04An dieser Stelle finden Sie eine Übersicht über die unterschiedlichen Online-Kurse, die SCRIPT den Schülerinnen und Schülern der Grundschule, sowie den Lehrpersonen und Eltern anbietet. Die Kurse werden vom 5. bis zum 8. Januar gesendet 2021.

Wonschfilm
2020-05-22An deser haarder Zäit vun Homeschooling hun mir eis näischt méi gewënscht, wéi bei eisen Kollegen ze sin!
Pendant cette période dûre de homeschooling, notre souhait principal était d'être avec nos amis!

Zeréck an d’Schoul – Reouverture vun de Grondschoulen de 25. Mee
2020-05-18De 25. Mee ass d'Reprise vun de Coursen am Fondamentale. Villes ass anescht ewéi virdrun. Am Anhang fannt Dir puer wichteg Infoen dozou. Mir wënschen jidderengem eng erfollegräich Rentrée! :)
Infoen a Mesuren
Mesures de protection au cycle 1



Schoulfräi wéinst COVID-19
2020-03-17Léif Elteren,
D'Schoulen, d'Maison relaisen an d'Crèche sinn zou fir datt mir der Verbreedung vum COVID-19 Virus entgéint wierken.
Dofir ass et wichteg, datt Dir Är Kanner doheem oder bei guddem Wieder bei Iech am Gaart haalt. Si sollen net mat hire Kolleegen op de Spillplazen, am Haff oder um Terrain beim Jugendhaus zesumme spillen.
Erkläert hinne wisou et wichteg ass, datt si sollen doheem bleiwen.
Mir hunn Iech als Enseignanten, iwwert verschidde Kanäl, sief et um Pabeier, iwwer "Teams" oder hei um Site Méiglechkeete gebuede mat Äre Kanner doheem ze léieren.
Bei Froen si mir ëmmer iwwer Mail fir Iech ze erreechen.
All d'Bilansgespréicher sinn annuléiert a gi méi spéit gehalen.
W.e.g. haalt Iech un d'Bestëmmunge vun der Regierung a bleift gesond.
Français -> weider Informatiounen
SCHOULFEST 2019
2019-07-14Dëst Joer stoung eist Schoulfest ganz ënnert dem Thema MUSEK. Vu mëttwochs bis freides konnten d'Kanner u verschidden Atelieren deel huelen. Et gouf Zumba gedanzt, ënnerschiddlech Choreographie astudéiert, Instrumenter gebastelt a souguer d'Uergel aus der Biisser Kierch kruten d'Kanner virgestallt.

Portes ouvertes
2019-06-16De 14. Juni 2019 huet d'Biisser Schoul hir Dieren fir de Public opgemaach.
Kuckt Iech hei e puer Fotoen un.

Antolin 2.Trimester 2018-2019
2019-04-20Et gouf nees flaisseg Punkten um Antolin-Site gesammelt! Bravo un all déi, déi matgesammelt hunn!

D‘Biisser Schoul geet an de Kino
2018-12-21Als Ofschloss virun der Chrëschtwakanz huet d‘Biisser Schoul ee flotte Mueren am Kino verbruecht!
