

"Soupe aux légumes"
2012-10-26Well mir am Franséischen d' "soupe aux légumes" behandelt hun an och an der Sciences iwert gesond Ernährung geschwat hun, hu mir de leschten Dag virun der Vakanz eng Zopp gekacht. All Kand huet e Stéck Geméis matbruecht, et gebotzt, geschnidden an an d'Dëppen geluecht.
Hei e puer Fotoen vun deene klenge Kächaus dem Cycle 3.1.


Heckesträich an hir Friichten
2012-10-01Am Cycle 3.2 hu mir mat Hëllef vum Bestëmmungsbuch Heckesträich bestëmmt.


Ausflug op Huelmes
2012-07-17De Cycle 3.1 huet um Enn vum Schouljoer een erliefnisräichen Ausflug op Huelmes gemaach.


Schoulausflug vum Cycle 3.2 op eis Musel
2012-07-11Nodems mer mat der "Marie-Astrid" durch eng Schleis gefuer waren, hu mer nach e flotten Tour durch d'Wéngerten gemaach, ir mer virun an de Kino gefuer sin. Fir dës Aktivitéiten hate mer wiirklech Chance mam Wierder.

Cycle 2.1 am Beetebuerger Park
2012-07-06De 6. Juli ware mir an de Beetebuerger Park an esouguer d'Wieder huet matgespillt

Vakanzecolonie zu Léifreg
2012-06-25Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an dem Eltreveräin huet de Cycle 3.2 zwee Deeg um Stauséi zu Léifreg verbruecht.
