Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Du bass hei:

Don vum Cycle 3.2. (2021/2022)

04/09/2022

De Cycle 3.2. huet ee schéinen Don an Héicht vun 1.330 € gemaach!



Ënnert dem Motto „Projet: Erstell deng eege Geschicht fir e gudden Zweck“ huet de Cycle 3.2 d‘Méiglechkeet gehat, fir selwer e Buch z’erstellen. Vum éischten Entworf vun der Geschicht, iwwert d‘Redaktioun vun den Texter bis zu der Gestaltung vun de Biller, war de Kanner hier Kreativitéit gefuerdert, fir schlussendlech ee flott Bichelchen an de Verkaf, fir ee gudden Zweck ze bréngen. D‘Kanner konnte selwer décidéieren, u wien den Erléis vun dëser flotter Aktioun sollt goen. Am ganzen hunn d‘Kanner stolzer 1.330 € gesammelt. Bravo! 665€ ginn un d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner a 665€ ginn un den Asile National pour Animaux. Mir soen dem Sara Cardoso vun EducDesign ee grousse Merci fir seng wäertvoll Ënnerstëtzung bei dësem Projet.