Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Du bass hei:

Coding Moien

28/10/2021

De Cycle 4 vu Biissen huet sech ee ganze Moie mam Kodéiere beschäftegt. An 9 verschidden Atelieren, déi all unplugged waren, hunn d'Kanner a gemëschte Gruppe mat vill Spaass an Engagement geschafft a gespillt. An all Grupp war ee Kand aus dem C4. 2 wat deenen anere Kanner a sengem Grupp erkläert huet wéi déi verschidde Saache funktionéieren. Dee meeschte Spaass haten d'Kanner mam Ozobot, mam Codyroby a mam Lego zesummebauen. Engem weidere Coding Moien am zweeten Trimester steet näischt méi am Wee.