
Schulkinder spenden 2000 Euro für Projekt Burkina Faso
2012-06-25Die SchülerInnen der sechsten Klasse brachten eine Zeitung heraus, die wissenswerte Aspekte über Burkina Faso vermittelt. Hilfe dafür bekamen die SchülerInnen von Marcel Scheidweiler. Der Erlös dieser Aktion ging an Herr Scheidweiler (Service Coopération asbl.) der dieses Geld zum Wohle der Menschen in Burkina Faso verwenden will. Um mehr darüber zu erfahren können Sie folgenden Artikel lesen.

De Cycle 3.2 war Theater kucken
2012-06-25Well d'Kanner aus dem Cycle 3.2 sou fläisseg um Liesconcours deel geholl hunn a flott zu hieren zwee Lieblingsbicher gebastelt hunn, goufen si mam Theaterstéck 'Momo' zu Miersch am Kulturhaus belount.

Coupe scolaire
2012-06-18E Samsden de 16. Juni hunn d'Kanner aus dem Cycle 4 un der Coupe scolaire - dem praktischen Deel vun der Verkéierserzéiung - deel geholl. Ënner schloem Reen hu si probéiert mat hirem Velo esou sécher wéi méiglech duerch di Biisser Stroossen ze fueren. Trotz dem schlechte Wieder hate si awer vill Spaass an hunn alleguerten hire Velosführerschäi kritt.


Theater "I balloni luminosi" Park Housen
2012-06-08D'5. Schouljoer war e Freiden, den 18. Mee op Marnech an de Cube 521 den Theater vum Holzwuerm Park Housen "I balloni luminosi" kucken. Dir kënnt hei e puer Fotoe kucken.


Schoulsportdag 2012 Cycle 2
2012-05-24D'Kanner aus dem Cycle 2 hu bei 8 verschiddene Statiounen op eiser Olympiade hier athletesch Fäegkeeten ënner Beweis gestallt. Dotescht gouf et eng gesond Stäerkung.

Schoulsportdag
2012-05-15De Schoulsportdag 2012 gëtt an der Biisser Schoul en Donneschden, den 24. Mee ofgehalen. All Cycle huet sportlesch Aktivitéiten fir dësen Dag geplangt.
De Cycle 4 mecht een Trëppeltour rondrëm Biissen.
De Cycle 3 mecht een Tuer duerch de Biisser Bësch wou ënnerwee sportlech Aktivitéiten mat Naturmaterialien op d'Schüler duerkommen.

Ein Mensch vor dem Gericht der Tiere
2012-05-15De Cycle 4.1 huet d'Theaterstéck "Ein Mensch vor dem Gericht der Tiere" vim Helen Gori zesumme mat hire Stagiaren Myriam a Michèle an der Klass ageübt a virgespillt.
