Passer au contenu principal passer au menu principal
Vous êtes ici:
Première Précédente Suivante Dernière

Gromperenzalot

2012-02-21

Dat war mol rem eng flott Däitsch Stonn fir 3. Schouljoer!


Befort

2012-02-14

Eisen traditionnelle Schoulausflug op Befort op d'Äispist war fir jiddereen ee flotten Ausgläich zum alldeegleche Léieren an der Klass.


Naturmusee

2011-11-18

De Cycle 3.1 war an d'Stad an de Naturmusee d'Ausstellung "Farbenfroh" kukken.


Soupe aux légumes

2011-11-12

Am Kader vun der unité 2 (bon appétit)am Franséischen hu mir am Cycle 3.1 eng "Soupe aux légumes" an der Klass preparéiert. Si huet eis all gudd geschmaacht!


St. Nicolas

2011-10-25

En Dënsden de 6. Dezember ass keng Schoul. Et ass Kleeserchesdag!


Allerhelljevakanz

2011-10-25

Vum 31. Oktober bis den 6. November ass Vakanz. Mir wënsche jidferengem eng schéi Vakanz. :)


Wanderung

2011-09-17

Um éischte Schouldag mécht 3. Schouljoer an der Turnstonn eng flott Wanderung rondrem Biissen vun 5,5 Kilometer.


Schoulfest 2011

2011-07-20

Och wann d'Wieder net zu 100% matgespillt huet an sou munchereen kal Fangeren an eng kal Nues kritt huet, wor eist Schoulfest och dëst Joer eng Réussite. A ville flotten Atelieren, ënnert dem Thema Zirkus, hunn d'Kanner aus de Cyclen 1-4 sech gutt ameséiert. E Clown an en Zauberer wore mat vun der Partie an hu Grouss a Kleng un d'Laache bruet.Fir Iessen an Drénken hunn d'Eltre gesuercht. Ee grousse Merci un den Eltrecomité, den Eltreveräin an all di aner Eltren déi sech deen Dag Zäit geholl hu fir ze hëllefen.


Léifreg

2011-07-19

Eisen Ausflug am Cycle 3.2 op Léifreg war fantastesch.


Wibbel & Dribbel

2011-07-19

Den Ausflug vum Cycle 3.2 op de Wibbel an Dribbel an d'Coque war ee vollen Erfolleg.


Première Précédente Suivante Dernière