
Soupe aux légumes
2011-11-12Am Kader vun der unité 2 (bon appétit)am Franséischen hu mir am Cycle 3.1 eng "Soupe aux légumes" an der Klass preparéiert. Si huet eis all gudd geschmaacht!


Allerhelljevakanz
2011-10-25Vum 31. Oktober bis den 6. November ass Vakanz. Mir wënsche jidferengem eng schéi Vakanz. :)


Schoulfest 2011
2011-07-20Och wann d'Wieder net zu 100% matgespillt huet an sou munchereen kal Fangeren an eng kal Nues kritt huet, wor eist Schoulfest och dëst Joer eng Réussite. A ville flotten Atelieren, ënnert dem Thema Zirkus, hunn d'Kanner aus de Cyclen 1-4 sech gutt ameséiert. E Clown an en Zauberer wore mat vun der Partie an hu Grouss a Kleng un d'Laache bruet.Fir Iessen an Drénken hunn d'Eltre gesuercht. Ee grousse Merci un den Eltrecomité, den Eltreveräin an all di aner Eltren déi sech deen Dag Zäit geholl hu fir ze hëllefen.


Wibbel & Dribbel
2011-07-19Den Ausflug vum Cycle 3.2 op de Wibbel an Dribbel an d'Coque war ee vollen Erfolleg.



Schoulsportdag 2011
2011-06-23De Cycle 4 huet fir de Schoulsportdag ee flotte Fousstour organiséiert mat Froe, Spiller an aneren Erausfuerderunge fir d'Kanner.