Skip to the main content Skip to the main navigation
You are here:
First Previous Next Last

Vitarium

2011-06-29

De Cycle 3.2 war um Schoulsportdag ze Fouss bei d'Luxlait an de Vitarium.


Colonie

2011-06-23

Den Eltereveräin ënnerstétzt den C4.2 an den C3.2 all Joer mat engem Don fir bei d'Colonie bäizeleeën. D'Kanner an d'Léierpersonal soe Merci!


Schoulsportdag 2011

2011-06-23

De Cycle 4 huet fir de Schoulsportdag ee flotte Fousstour organiséiert mat Froe, Spiller an aneren Erausfuerderunge fir d'Kanner.


Mäi léiwste Kannerbuch

2011-05-10

Am Kader vum Projet vum Ministär "Mäi léiwste Kannerbuch" hat de Cycle 4 Enn Abrëll zwou Mammen invitéiert fir an hirer Mammesprooch virzeliesen. Des flott Aktivitéit huet an eiser flotter Bibliothéik stattfond.



Virliesconcours 2011

2011-04-08

De leschten Dënsden war d'Ausscheedung fir de "Virliesconcours 2011" an der Bibliothéik vun der Biisser Schoul.


ORIKA

2011-03-30

"Orika" steet fir "Orientatioun fir Kanner". All Joer ginn d'Kanner aus dem Cycle 4.2 verschidde Lyceesgebaier kucken.
Mir waren dest Joer den 30. Mäerz un der Rei. Moies stungen d'Ackerbauschoul an de Lycée technique vun Ettelbréck um Programm. No engem gudde Mëttegiessen an der Mierscher Kantin si mir du nach nomëttes de Mierscher Lycee kucke gaangen. Et war fir d'Kanner ee flotten an informativen Dag. Op deenen eenzelne "portes ouvertes" kënne si nach weider Informatioune kréien.


Äispist

2011-01-19

Am Kader vum Turnen stung des Woch fir di Biisser Schoul Schlittschung fueren um Programm.
Dënsdes den 18. Januar an donneschdes den 20. Januar gung d'Rees all Kéier mat 2 Bussen op Beefort.
D'Kanner hate vill Freed a jidderee krut ee gudde waarme Chocky.


Mir soen Äddi!

2011-01-16

Zenter desem Schouljoer sinn d'Nicole Sinner-Speller an d'Aline Koob-Berns an hirer wuelverdingter Pensioun. D'Biisser Léierpersonal huet dat am Oktober op der Thillsmille gefeiert.


Chrëschtfeier vum Cycle 2.1

2010-12-17

D'Chrëschtfeier vum Cycle 2.1 fällt haut wéinst dem schlechte Wieder aus. Mir verleeën d'Feier dowéinst op Freides, den 7. Januar 2011. Ufank vun der Virféierung ass um 15:15 Auer.


Portes ouvertes 2011

2010-11-19

D'Lycéeën a Lëtzebuerg maachen och 2011 hir Dieren nees op fir de Grand public. Deen Dag hunn d'Elteren an d'Kanner d'Geleeënheet di eenzel Lycéeën ze besichen. Verschidden Enseignantë féieren se dann duerch d'Gebaier a weisen hinnen di verschidden Avantagen déi hiert Gebai ze bidden huet. Fir ze wësse wéini di eenzel Schoulen hir "Porte ouverte" hunn, kënnt dir op de folgende PDF klicken.


First Previous Next Last